Schwammen

Vir wéi eng Schüler?

D´Sportsektioun Schwammen riicht sech un all d´Schüler déi sech gären am Element Waasser ophalen.

Dobäi ass et dem Schüler iwwerlooss op hie léiwer vir sech puer Längte schwammen, sech austoben, Waasserball spillen oder einfach nëmmen sech vum Alldagsstress e bëssen am Waasser entspane well.

Natierlech bitt des Sportsektioun dem Schüler eng gutt Méiglechkeet seng Fäegkeeten am Schwammen duerch eng méi individuell Betreiung ze verbesseren. Dobäi kann de Sportsproff dem Schüler mat gezielten Tipps an Uweisungen hëllefen sou datt de Schüler seng Schwammtechnik Schrëtt vir Schrëtt verbessere kann. Op des Manéier kënnt dir Iech besser op ee Schwammtest virbereeden!

Wat brauch ech?

 E Maillot/ enk uleiend Schwammbox an eng Schwammkap

Wëll dir Iech vir en Schwammtest virbereeden an är Schwammtechnik verbesseren oder einfach nëmmen bëssen am Waasser entspanen? Dann kommt bis laanscht.