An der Sportsektioun Volleyball ka jee no Niveau vum Grupp en ënnerschiddlechen “Training” ugebuede ginn:
- Vir bëssche manner geübt Schüler kënne vill verschidden Übungen gebuede ginn, déi hir Techniken (Touche, Manchette, Service, Smash…) verbesseren. Dir kënnt also och an déi heit Sportsektioun komme vir besser op är Volleyballsprüfung am Sportunterrecht virbereet ze sinn oder einfach vir besser am Match spillen ze kënnen.
- Vir déi besser Spiller kënnen engersäits méi usprochsvoll Übungen ugebuede ginn, anerersäits besteet d’Sportsektioun haaptsächlech aus engem Match.
Jee no Niveau a Wonsch vun de Schüler kënne méi oder Manner Übungen gemaach ginn. Mir plangen ëmmer genuch Zäit vir e puer Matcher spillen ze kënnen. Falls dir interesséiert sidd, kommt laanscht a bréngt vill Kolleegen mat.
Sollten sech ganz vill Schüler vir d’Sportsektioun Volleyball interesséieren a sollten dann och ze grouss Niveausënnerscheeder entstoen, kann eng zweet Sportsektioun Volleyball vir déi besser Spiller kreéiert ginn.