D’Sportaart Tricking ass eng Mëschung aus:
- kickbaséierte Kampfsportaarten (Taekwondo, Karate, Capoeira…) an
- aus akrobatescher Elementer (Budemturnen, Zirkus, Danzen, Breakdance…)
Tricking setzt sech haaptsächlech aus Kicks, Twists a Flips zesummen. Alles zesumme kombinéiert ergëtt eng spektakulär Sportaart déi kraaftvoll am Ausdrock an Style ass a vill Méiglechkeeten bitt sech selwer ze verwierklechen, sech ze iwwerwannen an sech mat aner Schüler zesummen auszetauschen.
D’Sportsektioun Tricking fänkt mat engem klengen Opwiermen un, dem sech en entspanende Stretching uschléisst. Als éischt gi vill verschidde Kicks (Roundhouse, Hook, Tornado, Cheat 720 …), Kickkombinatiounen an Twists geübt a widderholl. Als nächst gi verschidde gestëtzt Tricks (Cartwheel, Machine, Gumbi …) an einfach Flips (B-Kick, Aerial…) geléiert. Als lescht gi beim “freien Tricking” déi méi schwéier Flips (Backflip, B-Twist, Gainer Flash, Webster…) probéiert.
Schüler kënnen sech all Woch no dem haarde Schaffen an der Schoul op de Buedematten, enger super mell Héichsprongmatt, Sprangbriet an Trampolin a verschidden aner Matten gutt auspoweren. Jiddereen ass wëllkomm eng kéier laanschtzekommen, sech dat unzekucken oder och déi eng oder aner kéier matzemaachen.
Hei nach en klengen Infovideo de weist wéi Tricking a senger perfekter Form ausgesäit!