Klassenmätcher Fussball
Fir de Cycle inférieur (7e, 6e, 5e) gi all Schouljoer Klassemätcher am Fussball organiséiert.
Am 1 Trimester fir 5e, am 2ten Trimester fir 6e an am 3e Trimester fir 7e Klassen.
Klassenmätcher gi jeeweils Dënschdes a Mëttwochs an der Mëttespaus (ca. 12:00 – 12:30) an der grousser Sportshal vun der Primärschoul (Hall Omnissport) gespillt. Gebraucht gi minimum 5 Spiller (4 Feldspiller an 1 Golkipp). Dir däerft souvill Auswiesselspiller hu wéi dir wëllt. Et däerfe souwuel Jongen wéi och Meedercher matspillen. Supporteren kënne gären hir Equipe vun der Tribüne aus ënnerstëtzen.
Gespillt gëtt am Prinzip (mat e puer klengen Ännerungen) no de Reegelen vum Futsal vun der FLF. Normalerweis ginn déi éischt Mätcher a Gruppen gespillt an duerno kennt nach eng KO-Phase. De Spilllsystem hänkt vun der Unzuel vun den ugemellte Klassen a vun der Unzuel vun de méigleche Spillterminer a Resultater gi reegelméisseg op eiser Homepage aktualiséiert.
Umellen musst dir Iech bei ärem Sportsproff: