Gutt Resultater am Dëschtennis!

Den 10. Oktober 2019 hu 4 Schüler aus dem LCE um Dëschtennischampionnat vun der LASEL deelgeholl. 

De Julien Holcher huet bei de Minimes déi gutt 9. Plaz gemaach.

An der Kategorie Juniors/Seniors ass de Max Jurcevic de 17., de François Welter den 9. an de Sébastien Bonert den excellenten 3. ginn.

Am ganzen hunn iwwert 90 Schüler um Dëschtennischampionnat vun der LASEL deelgeholl.

Coach: Ralph Bermes

Dëschtennis – 10.10.2019